1 Spilldaag - 1 Divisioun 1 Bezirk


23 August 2021

Domadder wier den eischten Spilldaag fir eisen FC SPORTING MERTZIG dann dach erfollegraich an wuel verdengt gelaaf. Dest am Kader vum 60-jähregen Bestoen vun eisem Club.

Mir sinn denkbar schlecht an Partie komm an hu freih missen en Reckstand geint eis Nooperen vun Feelen a kaaf huelen. 

D'Equipe huet awer Moral gewiesen an op den Coup reageiert an den Score nees égaliseiert. 

No engem Lapsuss beim Korner vum Geigner hun mer nach eemol missen zereck stiechen.

Mee och daat huet eiser 11 naischt gedoen, an mir konnten no an no d'Heft an d'Hand huelen, an hun sou verdengt den Score bis op 4 zu 2 ausgebaut.

Kuerz virun Schluss konnt Feelen nach eemol op 4:3 verkierzen, mais et sollt beim wuel verdengten Score fir eis bleiwen, sou dass mir den eischten Spilldaag mat engem Derbysieg konnten feieren.

Op dei Leeschtung kennen eis Jongen stolz sinn, well dorobber kann een opbauen!

#MirsiMäerzeg