2 Spilldaag - 1 Divisioun - 1 Bezirk


30 August 2021

Um 2te Spilldag war den FC Minerva Lëntgen an de Bourwiesen op Besuch. Nom 5-1 géint d’USBC konnt een dovunner ausgoen, datt d’Equipe voller Confiance géing an de Match goen. Confiance konnt een och bei de Spiller vum Sporting spieren, de 4-3 am Derby géint Feelen huet hei sécherlech nach nogewierkt. Esou koum et dann och, datt de Match vun Ufank un animéiert war an déi 2 Equippen sech Näicht geschenkt hunn. Flott Kombinatiounen a serréiert Dueller am Mëttelfeld waren d’Resultat. An der 21ter Minutt dunn den 1-0 op Elefmeter fir Mäerzeg: no engem Foul huet den Nicola Steffen sech dës Geleeënheet net huele gelooss. An der 29ter Minutt konnt den Dylan Do Santos du bal op 2-0 erhéijen, mee säi stramme Schoss ass widder d’Lat geflunn.
Den Ufank vun der zweeter Hallschent huet de Lëntgener gehéiert, a sou koum et datt de Filipe Martins an der 50ter Minutt ausgläiche konnt. An der 57ter Minutt dunn den 2-1 fir den FC Minerva, dat duerch den Tiago Costa deen dem Kevin Bové mat engem schéine Schoss keng Chance gelooss huet. De Sporting huet awer net opginn a weider no fir gespillt. No engem Handspill am Strofraum, konnt de William Delgado den 2-2 marquéieren. De Match war och dono nach haart ëmkämpft, et sollt awer beim gerechte Remis bleiwen. Mäerzeg huet ewéi Lëntgen elo 4 Punkten no zwee Spilldeeg opweises. Den nächste Sonndeg geet et dann op Luerenzweiler.