Coupe des Minimes 1/8e final


04 November 2022

Muer um Samsdeg empfänken mir den Red Black aus dem Paffendall bei eis an den Burwiesen.

 Virun engem Mount koum et schons zu dem Mätch wou mir am Championnat hun missen an den Paffendall. Vun Ufank un war kloer dass et een hëtzegen Mätch géiw gin. Beid Equipen waren Punktgläich an et war gewousst dass wien den  Mätch wënt steigt an déi 1. Klass op. Während dem ganzen Mätch haat den Géigner vill Problemer dem Arbiter seng Endscheedungen ze respektéieren an wéi et dann sou kënt, sin no enger 11m Endscheedungen zu den gonschten vun eis, Leit op den Terrain gelaaf an hun den Arbiter zu riets gestallt. Den Mätch war 10 min. ënerbrach well nëmen diskutéiert gin ass.

Um Ënn hun mir den Mätch mat 4-2 verluer mee et muss een soen dass et bis zu 70 min. 3-2 stoung an mir genuch Chancen haaten fir den Ausgläich ze maachen. Leider haaten mir den Daag d'Gléck nët op eiser Säit.

 Wéi d'Lousfee et dann sou wël, treffen mer lo nees openeen. Dës Kéier hun mir den Heemvirdeel an gin voll Gas fir dass mir an 1/4e final kommen.

 Dofir kommt eis ënerstëtzen fir dass mir et packen.

 Ustouss ass muer Mëtteg um 15.30 Auer an den Burwiesen

 #MirSiMäerzeg#