Résumé Coupe FLF Mäerzeg - Keel Téiteng


31 October 2022

An der zweeter Ronn vun der Coupe FLF hat Mäerzeg d’Union Keel-Téiteng op Besuch, eng Ekipp déi jo net zu den übleche Gäscht an de Bourwiese gehéiert. Et duerft ee sech also en intressante Match erwaarden. Déi éischt Minutte ware fir de Sporting, deen de Ball besser lafe gelooss huet. Et sollt just bis d’5t Minutt daueren, iert den Dylan Dos Santos déi éischt grouss Chance hat, ee Verdeedeger konnt de Schoss awer In-Extremis ofblocken. De Corner no dëser Aktioun verzitt de Sergio Oliveira. De selwechte Spiller hat dunn an der 26ter Minutt och nach eemol eng gutt Chance, de Keeper op Säite vu Keel-Téiteng huet awer paréiert. 10 Minutten drop hat hien awer keng Chance géint dem William Delgado säin 30-Meter Schoss, de just ënnert der Lat ageschloen huet, deemno 1-0 fir Mäerzeg. An der 45ter Minutt krut de Fusiounsveräin aus dem Minett een berechtegten Eelefmeter zougesprach, dat nodeem de Richard Reuter ee Géigespiller gefoult hat. De Bruno Pereira paréiert awer exzellent géint den Kylian Chalumeau, esou datt et mat 1-0 fir de Sporting an d’Paus goung.

An der 56ter Minutt war et dunn nees de Mäerzeger Schlussmann, dee géint de Sanò Seco paréiert. An der 64ter Minutt koum et dunn zum 1 géint 1 tëscht dem Bruno an dem Mehdi Taourghist, mee och hei gouf et kee laanschtkomme fir de Keel-Téitenger. De Match ass dunn hin an hir gaangen, richteg Chance konnt kee méi sech erspillen esou datt Mäerzeg an der 8tels Final vun der Coupe FLF steet. Weider geet et am Championnat e Sonndeg zu Kielen.