Résumé Coupe FLF Schieren-Mäerzeg


21 April 2022

Ganz vill Supporter vum Sporting hate sech zu Schieren fir d'Véirelsfinale vun der Coupe FLF afonnt an hu vun Ufank un den Auswäertsmatch zu engem Heemmatch gemach. No ronn 10 Minutten huet Schieren ëmmer besser an de Match fonnt a virun Allem am Mëttelfeld eng gutt Iwwersiicht bewisen. Sou hunn déi éicht Chancen och net lang op sech warde gelooss. De Sporting wosst awer kämpferech dogéint ze halen a sou ass deene Schieren keen CM Buedem um Terrain geschenkt ginn. An der 29ter Minutt dunn awer den 1-0 fir d'Heeméquipe: de Ribeiro Dos Anjos brauch de Ball no enger Parade vum Mäerzeger Golkeeper just nach eranzekäppen. Mat dësem Resultat ass et dann och an d'Paus gangen. An der 55ter Minut sollt Schieren awer op 2-0 erhéigen: den Esteves Ferreira brauch och hei nees just de Ball hannert d'Linn ze drécken nodeems de Ball vum Poteau ofgeprallt ass. Weder d'Mäerzeger Supporter nach d'Ekipp hunn awer opginn a sou gouf et nach eemol spannend: an der 83ter Minutt konnt den Nico Steffen per Hack op 1-2 verkierezen. De Sporting huet nach eemol Alles no vir gehäit, doduerch konnt Schieren konteren an den 3-1 an der 89ter Minutt duerch den Texeira Goncalves markéieren. Dem Heldrad Delgado säin 2-3 aus Mäerzger Siicht koum leider ze spéit. Trotzdem eng gutt kämpferech Leeschtung vum Sporting Mäerzeg!