Résumé Mäerzeg - Baastenduerf

Foto vun JC Schmitz



10 October 2022

7te Spilldag op dësem sonnege Sonndeg an den éischte Match, deen um 15h00 ugepaff gëtt. Géigner war Baastenduerf, eng Ekipp, déi ni z'ënnerschätzen ass a punktgläich mat Mäerzeg an der Tabell läit. De Match ass dann och mat intensiven Zweekämpf ugaangen a béid Ekippen hu sech Näischt geschenkt.An der 20ter Minutt haten déi Baastenduerfer dunn eng Grousschance, mee de Bruno Pereira am Mäerzeger Goal ass standhaft bliwwen. Nëmmen 1 Minutt drop paréiert hien och exzellent. Et sollt du bis an d'34t Minutt daueren, iert de Sporting déi éischt richteg gutt Chance hat, ee Baastenduerfer konnt de Ball awer op de Ligne klären. Mam 0-0 ass et demno annd'Paus gaangen. An der 2ter Hallschent ass Mäerzeg du méi present aus der Kabinn komm, an an der 61ter Minutt war et de Sergio Oliveira dee mat engem sate Schoss aus 16 Meter op 1-0 setze konnt. Baastenduerf huet sech awer net hänke gelooss a weider physesch Presenz gewisen. An der 78ter Minutt war et dunn den Daniel Oliveira deen no engem Corner op 1-1 erakäppe konnt. An der 90ter Minutt war de Sporting just nach zu 10, den Tim Breyer konnt verletzungsbedéngt net méi weiderspillen, 3 mol gewiesselt war och well ginn. 2 Fräistéiss an der Nospillzäit fir Mäerzeg sollten Näischt méi bréngen, sou datt de Match mat engem gerechte Remis op een Enn gaangen ass. Vun dëser Plaz aus och nach gutt Besserung un den Tim an un de Jean Mendy, deen och blesséiert huet missen ausgewiesselt ginn. Dëse Mëttwoch geet et dann an der Coupe FLF zu Eschduerf virun.