Résumé Mäerzeg-Beggen


15 September 2022

Um 4te Spilldag hunn déi Mäerzeger Doheem Beggen empfaangen, déi dës Saison jo bekanntlech de Bezierk gewiesselt hunn. Et war gewosst, datt den Avenir eng staark Equipe huet a sécherlech zu den Opstigsfavorite bei eis am Bezierk zielt. D’ Partie huet dann och intensiv ugefaangen an huet sech haaptsächlech am Mëttelfeld ofgespillt. An der 23ter Minutt dunn awer den 0-1 fir Beggen: den Arbitter huet no engem Zweekampf op Eelefmeter entscheet an den omnipresenten Yassine Maziz konnt dës Chance verwandelen. Mäerzeg huet net opginn an immens gutt dogéint gehalen. Dëse Courage sollt an der 36ter Minutt belount ginn: No Virbereedung vum Ken Decker konnt den Dylan Dos Santos de Keeper mat engem Schoss vun der rietser Säit aus 18 Meter iwwerwannen.  Et war dunn eng schéin Eenzelaktioun vum Luciano Teixeira, déi den 1-2 fir den Avenir brénge sollt. Um Schluss vu besotener Aktioun konnt hien an der 44ter Minutt an de kuerzen Eck verwandelen, de Ball war nach ofgefälscht.

Déi zweet Hallschent ass weiderhin extrem intensive gefouert ginn, béid Ekippen hu sech Näischt geschenkt a gewisen, datt alle Béid dës Saison wuel éischter méi Uewen an der Tabell ze fanne si wann Alles optimal leeft. An der 65ter Minutt huet den Dylan Dos Santos dunn no engem Zesummestouss mam Keeper vu Beggen leider blesséiert eraus missen, fir hie koum den Diogo Lopes eran. Béid Ekippen haten dunn nach Chancen, déi Bescht war awer fir de Sporting an der 91ter Minutt, de Ball ass leider iwwert de Gol geflunn

Mäerzeg empfänkt e Sonndeg doheem den Norden.