Résumé Mäerzeg - Colmar Bierg


29 August 2022

Fir den 2te Spilldag hate de Sporting Mäerzeg den Opsteiger AS Colmar-Bierg op Besuch. No der Victoire géint den Daul wollt ee sech an de Bourwiesen déi nächt 3 Punkte sëcheren. No engem gudden Ufank waren et awer déi Colmar-Bierger déi duerch Da Silva Gomes een direkte Fräistouss zum 0-1 konnte verwandlen. Mäerzeg war net geschockt an konnten just 2 Minutten drop duerch de Ken Decker ausgläichen. De selwechte Spiller huet an der 30ter Minutt op 2-1 erhéicht Iert den Dylan Dos Santos an der 32ter Minutt den 3-1 fir de Sporting markéiert huet. No der Paus ass et genee esou virugaangen: schéi Kombinatiounen huet een op Säit vun de Mäerzeger gesinn, eng dofunner huet zum 4-1 an der 55ter Minutt gefouert, den drëtte Gol fir de Ken Decker an dësem Match. An de KD7 hat nach net genuch: an der 58ter Minutt schéisst hien de 5-1. Colmar-Bierg huet an der 73ter Minutt nach een Elefmeter veschoss, iert de Steve Rodigues an der 84ter Minutt mam 6-1 fir eng verdéngte Heemvictoire gesuergt huet. De Sporting ass domadder Tabellenéichten. Weider geet ët um 3te Spilldag auswäerts zu Housen.