Résumé Mäerzeg-USBC

Foto vun JC Schmitz



13 March 2023

Um 20te Spilldag war Berduerf-Consduerf op Besuch an de Bourwiesen. D’Ekipp huet sech am Wanter gutt verstäerkt an esou konnt ee gespaant sinn, wéi si de Match géing ugoen. Eng gutt Nouvelle gouf et op Mäerzeger Säit: den Ivo Batista war no senger Blessur nees zeréck am Team. Déi éischt Grousschance gouf et an der 4ter Minutt fir d’Gäscht duerch de Jérôme Fleury, mee de Bruno Almeida am Mäerzeger Gol konnt hei exzellent paréieren. No där Chance ass de Sporting erwescht an huet de Match an d’Hand geholl. No enger gudder Chance vum Ken Decker an der 11ter Minutt konnt den Dany Fernandes an der 20ter Minutt den 1-0 fir de Sporting per Penalty markéieren. Am der 31ter Minutt war et dunn den Tim Ottelé, deen et aus 18 Meter mat engem stramme Schoss probéiert huet, de Ball geet awer dolaanscht. Kuerz virun der Paus huet Mäerzeg dann nach op 2-0 konnten erhéijen, nees duerch den omnipresenten Dany Fernandes.

An der zweeter Hallschent hat d’USBC nach 2 gutt Chancen an der 60ter an an der 64ter Minut, iert de Rick Schwitz no Virlag vum Ken Decker den 3-0 fir de Sporting konnt makéieren. Nëmmen 3 Minutten drop, an der 68ter Minutt, konnten d’Gäscht duerch de Christian Muaka op 1-3 verkierzen. An der 81ter Minutt hätt d’USBC de Match nach eemol kéinte spannend maachen, mee de Bibi Lopes setzt een Eelefmeter wäit iwwert de Gol esou datt déi 3 Punkten an der Burwiesen bleiwen. Weider geet et fir de Sporting dëse Mëttwoch (hoffentlech) mam Nodrosmatch géint Housen.