Résumé Mäerzeg - Useldeng

Photo par Alain Decker



14 November 2022

11te Spilldag bei herrlechem Wieder an de Bourwiesen zu Mäerzeg – Useldeng war zu Gaascht, ee Match wou den Tabellendrëtte géint den Tabellen-Siwenten ugetrueden ass an dee vill versprach huet. Et soll just 3 Minutten daueren, bis den Adis Civic déi éischt Chance fir d’Jeunesse hat, de Bruno Prereira konnt dëse Schoss awer entschäerfen. An der 8ter Minutt dunn de Sporting: ee stramme Schoss vum Antonio Oliveira wiert den Useldenger awer Keeper exzellent of. Mäerzeg ass dunn um Drécker bliwwen an an der 25ter Spillminutt war et nees eng Kéier den Antonio Oliveira deen no schéiner Viraarbecht vum Dylan Dos Santos den 1-0 fir seng Faarwe konnt markéieren.Déi lescht 10 Minutte vun der éischter Hallschent hunn dunn Useldeng déi gehéiert, déi an der 38ter Minutt eng Grousschance haten; de Joâo Fretias verzitt awer kloer.

An der zweeter Hallschent sollt et just 5 Minutten dauere bis de Ken Decker per Kapp konnt op 2-0 fir de Sporting erhéijen. Mäerzeg huet weiderhin de Match gemaach an esou ass an der74ter Minutt den 3-0 duerch den omnipresenten Dylan Dos Santos gefall. Domadder war de Match entscheet an et sollt och kee weidere Gol méi falen. Mäerzeg bleift domadder op der 3ter Plaz mat just nach 5 Punkte Réckstand op den 2te Beggen, déi zu Feelen verluer hunn. No enger Lännermatchpaus geet et de 27ten November doheem géint Ierpeldeng virun.