Résumé Useldeng - Mäerzeg


18 April 2023

Op engem ongewinnte Méindeg huet de Sporting auswäerts géint d’Jeunesse Useldeng gespillt. De Match huet direkt schlecht ugefaange well no nëmme 6 Minutte war et den Dritro Kelmendi, deen no enger Flank vum Sabotic an de kuerzen Eck zum 1-0 eragesat huet. Nëmme 4 Minutte méi spéit bleift dee selwechte Kelmendi um Bruno Almeida hänken. An der 12ter Minutt dunn déi grouss Chance fir de Sporting auszegläichen, de Ken Decker kënnt awer esou just net un de Ball. An den nächste Minutten huet just Useldeng gespillt, de Mäerzeger Keeper huet et awer mat staarke Parade fäerdeg bruecht, de Sporting am Match ze halen. Vun der 36ter Minutt un ass Mäerzeg besser an de Match komm, dem Ken säi Schoss prallt awer vun der Lat of esou datt et mat engem 1-0 fir d’Haushären an d’Paus gaangen ass. An der zweeter Hallschent huet sech Mäerzeg du verbessert presentéiert, et sollt awer trotz gudde Chance keen era goen esou datt de Fahir Sabotic no 71 Minutte mat engem Schoss aus 21 Meter op 2-0 fir Useldeng erhéije konnt. De Match war awer nach net gelaf: an der 79ter Minutt huet de Willi Delgado op 1-2 aus Siicht vu Mäerzeg verkierzt, mee och no dem Goal sollt einfach kee Ball méi eragoen, esou datt de Sporting um Enn nees mat eidelen Hänn do steet. Weider geet et e Sonndeg mam Derby géint Feelen an do – wéi soll et aneschters sinn – sollen déi 3 Punkten an de Bourwiesen bleiwen.