Senior I

Fc Sporting Mertzig - US Béiwen 3-1



07 March 2022

An eis kleng Serie get virun 4 Matcher an der Reckronn net verluer  10 vun 12Pkt an FLF Coupe een Tour weider.
Mir haten et nach emol missten spannend machen an der 54" Min., duerno hue mir awer an 2 Min alles kloer gemach.
Een klengen Nogeschmach déi total onnéidig roud Kaart fir den Diogo an der 90. Min.
Sou eppes muss net sin.
 
Weider sou Jongen.

Résumé vum Match Mäerzeg-Béiwen
19te Spilldag gëschter bei exzellentem awer kalem Wieder an et konnt een sech berechtegt Hoffnungen op déi nächst 3 Punkte maachen – de Sporting schéingt momentan net ze klappen ze sinn och wa mat ënner anerem dem Hüseyin Topbas, dem Sergio Olivéira an dem Ivo Rosa dräi wichteg Spiller gefeelt hunn. An der Coupe FLF haten déi Mäerzeger jo well 3-0 géint d’US Béiwen gewonnen an esou konnt ee gespaant sinn, op eise Géigner am Championnat méi entgéint ze setzen hätt wéi an der Coupe.
No engem zéien Ufank ass Mäerzeg ëmmer besser an d’Spill komm an huet sech éischt Chance creéiert. Vill Dueller goufen am Mëttelfeld gefouert, et sollten awer déi Béiwener sinn déi sech déi éischt richteg gutt Chance erausgespillt hunn, eise Keeper huet awer no engem placéierte Wäitschoss exzellent paréiert. An der 45ter Minutt dunn awer den 1-0 fir de Sporting : no engem Foul verwandelt de William Delgado mat sengem 8te Gol fir dës Saison ouni Problemer !
An der Paus dunn 2 Wiessel bei eise Jongen : Den Diogo Lopes an de Steve Rodrigues koume fir de Renato Lopes an den Nicola Steffen eran. Du goung et Schlag op Schlag : An der 50ter Minutt vergëtt den Dylan Dos Santos eng Grousschance an nëmme 4 Minutten drop markéiert den Nuno Lima no enger Mäerzeger Feelpass den 1-1 fir Béiwen. Eis Jonge waren awer guer net geschockt an hu monter viru gespillt : dësen Asaz soll belount ginn ! An der 62ter Minutt markéiert den Dylan Do Santos säi 7te Gol dës Saison no exzellenter Viraarbecht vum Yannis Gengler. Nëmmen 2 Minutten drop ass et den 3-1 fir de Sporting : den Hedrad « Heldragol » Delgado léisst dem Béiwener Schlussmann beim zweete Versuch keng Chance. Bei dësem Resultat sollt et bleiwen, och wann den Diogo Da Silva leider nach eng rout Kaart an der 90er Minutt krut.
De Sporting bleiwt an der Réckronn also ongeschloen a verbessert sëch op déi 7 Plaz an der Tabell. Weider geet da well e Samschdeg ëm 18h00 zu Housen. Bei enger Victoire kéinnt deen d’AS dann och an der Tabell distanzéieren.