Seniors I

Résumé vum Spilldaag 23 Foto vun Decker Alain



04 April 2022

 Um 23 Spilldag huet eis Ekipp den FC Kielen empfangen, en intressante Match, wann ee bedenkt, datt Kielen just 3 Punkten Avance op de Sporting hat. Op der Trainerbank vum Sporting huet den Niki Gremling den Yvo Martins ersat, deen an d’Vakanz ass.

An den éichte Minutten huet Kielen direkt Drock gemach, esou datt den Gino De Marini an der 12ter Minutt eng déck Chance hat, déi den Tun Assa awer exzellent paréiert. No der 25ter Minutt ass de Sporting ëmmer besser an de Match komm an an der 31ter Minutt hat de Ken Decker eng gutt Chance per Kappball, déi de Kielener Keeper awer konnt iwwert d’Lat dégagéieren. An der 41ter Minutt dunn awer déi kal Dusch fir de Sporting: den Gino di Marini mam 1-0 fir déi Kielener, dëst duerch ee Konschtschoss aus 18 Meter. Mat deem Resultat ass et dun och an d’Paus gangen.

An der 2ter Halschent ass Mäerzeg mat 100 à l’heure aus der Kabinn komm an et hätt net vill gefehlt, datt den Nicola Steffen den 1-1 an der 52ter Minutt markéiert hätt. An der 63ter huet de Sporting dunn och nach Aluminium getraff an et hat een d’Gefill, datt den 1-1 just nach eng Fro vun der Zäit wier. Nëmmen 3 Minutten drop war et du sou wäit: de Sergio Oliveira léisst dem Kielener Schlussmann mat engem zolitte Schoss aus 18 Meter keng Chance. De Sporting huet elo gedréckt, markéiert an der 83ter Minutt nach den 2-1 deen awer vum Linierichter duerch eng Abseitspositioun annuléiert gouf. Et soll beim 1-1 bleiwen. E Sonndeg geet et fir de Sporting zu Ierpeldeng virun,