Seniors I

Résumé Spilldaag 3



05 September 2022

 Um 3.Spilldag stoung den FC AS Housen um Programm. De Match huet ausgeglach ugefaang, huet sech awer am Verlaf vun där éischter Halbzeit a Richtung Housener Gol beweegt. An der 40. Minutt konnt Mäerzeg dunn duerch de Ken Decker mat Viraarbecht vum Rick Schwitz a Féierung goen. An der 2. Halbzeit ass Housen mat puer gudden Aktioune méi geféierlech ginn. D'Schlussphas sollt awer rëm Mäerzeg gehéieren. Trotz groussen Efforten hunn sie et net gepackt de Ball nach emol iwwer d'Linn ze bréngen, soudass et beim Ofpaff beim verdéngten 0-1 Endstand bliwwen ass. Domadder bleift Mäerzeg Tabellen 2.
#allezmäerzeg
Merci Jos Wagner fir den klengen résumé vum Match geschter.