Spilldaag 17: Mäerzeg klappt Luerentzweiler!


22 February 2022

Résumé Sporting Mäerzeg-FC Lorentzweiler
 
Nom 5-3 Auswäertserfolleg zu Lëntgen konnt ee mat Spannung erwaarden, wéi eis Jonge sech géint den Tabellenzweete vu Luerenzweiler géinge schloen. D’Wieder huet op dësem 17te Spilldag net matgespillt, esou datt et fir déi zwou Equippe sécherlech net nëmmen ëm dat technescht mee och ëm déi physesch Stäerk géing goen.
An der 9ter Minutt hat Luerenzweiler déi éischt Chance vum Match, den Danielton Silva Cruz huet dem Christophe Cunha säi Schoss exzellent paréiert. Dono goufe sech vill Dueller am Mëttelfeld geliwwert iert Mäerzeg an der 23ter Minutt ee Fräistouss zougesprach krut – an dee souz. De Ken Decker huet mat engem Opsetzer fir den 1-0 gesuergt. De Match war also esou richteg lancéiert an de Silva Cruz am Mäerzeger Gol krut vill ze dinn: An der 29ter an an der 32ter Minutt paréiert hien exzellent géint Cunha a Madeira. Et soll also mat engem 1-0 Avantage fir d’Haushären an d’Paus goen.
No der Paus huet de Sporting direkt zweemol gewiesselt: fir de Sergio Oliveira an den Hüseyn Topbas koumen den Ivo Rosa an den Dylan Dos Santos eran. Déi zwou Equippen hu sech weiderhin Näischt geschenkt an hunn op ganz schwéierem Terrain missen haart kämpfen. An der 68ter Minutt nach eemol ee Wiessel bei Mäerzeg : de William Delgado kënnt fir de Ken Decker. Du soll et Schlag op Schlag goen: an der 78ter Minutt trëfft de Patrick Neves per direktem Fräistouss zum 1-1, iert den Nelson Rodrigues 2 Minutten drop den 2-1 schéisst. D’Mäerzeger Spiller hunn de Kapp net hänke gelooss a wieder no vir gespillt. Dësen Asaz sollt belount ginn: nëmme weider 2 Minutten nom 1-2 schéisst den Dylan Dos Santos den 2:2. De Sporting wollt elo méi: trotz enger giel-rouder Kaart an der 85ter Minutt fir den Nicola Steffen fält den 3-2 fir d’Haushären: den Heldrad Delgado gëtt de Ball schéin op de William Delagdo deen an der 89ter Minutt markéiert. Och 7 Minutte Nospillzäit hunn Näischt méi um Resultat geännert!
Fazit: eng top Leeschtung vun de Mäerzger, déi elo mat 6 Punkten aus 2 Matcher optimal an d’Réckronn starten! E Samschdeg geet et dann op Useldeng bei enger Wieder Top-3 Equipe.

--> Lies den Résumé vum Spilldaag bei FUPA