Résumé Mäerzeg-Diekirch

Mir si Mäerzeg



19 April 2022

Um 25te Spilldag waren d'Young Boys vun Diekirch zu Besuch an de Bourwiesen, déi sech virum Match nach konnten eng kleng Hoffnung maachen, dach nach beim optimalem Verlaf vun der reschtlecher Saison ëm de Barrage matzespillen. Déi éicht Minutte vum Match ware roueg, béid Ekippen hu sech vill Dueller am Mëttelfeld geliwwert. Em déi 20stegt Minutt huet den Drock vum Sporting zougeholl an esou sinn déi Mäerzeger an der 28ter Minutt duerch ee Selbstgool vum Haagen 1-0 a Féirung gangen. An et sollt just 2 Minutten dauren bis et 2-0 fir eis Jonge stoung, de William Delgado huet dem Young Boys Keeper keng Chance gelooss.
No der Paus huet Diekirch méi konzentréiert gespillt an de Sporting a seng Hallschent gedréckt. D'Resultat war den 1-2 aus Young Boys Siicht duerch den Simoes Dinis. An der 74ter Minutt dunn den Ausgläich duerch den Rodrigues. De Match sollt an deene leschte Minutten nach richteg hektech ginn, dat well net manner wéi 5 Spiller Giel-Rout respektiv Rout kruten. Et muss een awer betounen, datt de Match fair war an déi eng oder aner Kaart evenutell "over the top" schéingt. Domadder feelen am wichtege Match géint Schieren dës Mëttwoch mam William Delgado, Yannis Gengler an Steve Rodrigues 3 wichteg Spiller. 
Am Championnat geet et e Sonndeg auswäerts géint den Norden virun.